Workshop “Léieren a méi” am Lycée des Arts et Métiers

Workshop “Léieren a méi” am Lycée des Arts et Métiers

De 16. Dezember hunn de SePAS an den ESEB en informativen a praktesche Workshop fir Elteren a Schüler aus dem Cycle inférieur organiséiert.

Thema vum Owend: Gehirgerecht Léieren an der Pubertéit.

D’Elteren konnten zesummen mat hire Kanner:
– Allgemeng Informatiounen iwwert Motivatioun, Konzentratioun a Léierstrategië kréien
– Verschidde Léierexperienzen selwer ausprobéieren
– Wäertvoll Tipps fir den Alldag mat heem huelen

De Workshop war och eng flott Geleeënheet, fir d’ Relatioun tëschent Elteren a Kanner ze stäerken a sech iwwert géigesäiteg Erwaardungen a Bezuch op d’Léieren auszetauschen.

Déi interesséiert an engagéiert Elteren a Schüler hunn zu enger ganz besonnesch flotter Atmosphär bäigedroen.

Hei e puer Andréck vum Workshop.

Fotoen
Retourner