Portraits d’auteurs

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2024 hunn d’Schülerinnen a Schüler vun 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers alleguer déi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2024 stinn. Dëss Portrait‘en ginn an enger Ausstellung wärend de Walfer Bicherdeeg gewisen.

Och déi méi jonk Schülerinnen a Schüler vun der 5C aus dem LAM hunn sech un dësem Projet bedeelegt: Si ware virwëtzeg a wollte méi iwwert d’Auteure wëssen. Dofir hunn si an der Schoul en dräisproochegen schrëftlechen Interview ausgeschafft, den si den Auteuren per Email zoukomme gelooss hunn. Si wollte gewuer ginn, firwat an ënnert wéi engen Ëmstänn d’Auteuren hir Texter schreiwen.

D’Reaktioun vun de Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller war ganz positiv an aus deenen ausféierlechen Äntwerten konnten d’Schüler/-inne vun der 5C an der Schoul Schlësselsätz eraussichen, déi hinne besonnesch gutt gefall hunn. Den interesséierte Visiteur vun der Ausstellung vun de Portrait’en op de Walfer Bicherdeeg kann e QR-Code scannen an déi komplett Interviewen op der Homepage vum Lycée des Arts et Métiers liesen.

Kannerbicher



Load more

Sachbicher



Load more

Literatur



Load more

Retourner