Portraits d’auteurs

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2022 hunn d’Schülerinnen a Schüler vun 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers alleguer déi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2022 stinn. Dëss Portrait‘en ginn an enger Ausstellung wärend de Walfer Bicherdeeg gewisen.

Och déi méi jonk Schülerinnen a Schüler vun der 4C aus dem LAM hunn sech un dësem Projet bedeelegt: Si ware virwëtzeg a wollte méi iwwert d’Auteure wëssen. Dofir hunn si an der Schoul en schrëftlechen Interview ausgeschafft, den si den Auteuren per Email zoukomme gelooss hunn. Si wollte gewuer ginn, firwat an ënnert wéi engen Ëmstänn d’Auteuren hir Texter schreiwen.

D’Reaktioun vun de Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller war ganz positiv an aus deenen ausféierlechen Äntwerten konnten d’Schüler/-inne vun der 4C Schlësselsätz eraussichen, déi hinne besonnesch gutt gefall hunn. Dëss „Catch phrases“ sinn an d’Ausstellung vun de Portrait’en integréiert ginn. Den interesséierte Visiteur vun der Ausstellung kann e QR-Code scannen an de kompletten Interview op der Homepage vum Lycée des Arts et Métiers liesen.

Um Projet bedeelegt Schülerinnen a Schüler:

1TPTI – Magalie Gonçalves, Shania Kreamer, Tristan Kieffer, Zoé Liégeois, Steven Pais, Jerome Reischl, Samuele Savino, Philipp Treff, Théo Weyland4C – Camille Copette, Liam Ferron, Leo Gherardi, Hana Halimi, Nathalie Ruppert, Eman Sehic

Kanner- a Jugendbicher



Load more

Sachbicher



Load more

Literatur



Load more

Retourner