Walfer Bicherdeeg
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2025 hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers all Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2025 nominéiert waren.
Den 13. November konnten si hir Portraite schliisslech, zesumme mat hiren Enseignanten an der Direktesch Kim Heuskin, am Kader vun der feierlecher Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis presentéieren.
De Projet war fir d’Klass eng aussergewéinlech a léierräich Erfarung. Nieft de kreativen Aarbechten hunn d’Schüler vill spannend a faszinéierend Perséinlechkeete kenne geléiert. D’Begeeschterung war grouss, an et sinn ausdrocksstaark an eenzegaarteg Portraiten entstanen, op déi si mat Recht stolz sinn 📸✨.
Als Highlight hat d’Klass och d’Éier, hir Fotoen zum Thema „Mémoire“ virun der Maison Dufaing zu Walfer ausstellen ze dierfen.
E ganz grousse Merci geet un eis motivéiert a talentéiert Schüler: Alexandre, Brice, Clara, Devan, Diana, Frédéric, Kyra, Lily, Lou, Luca, Miguel a Milena, esouwéi un hir Enseignanten👏🎉.
📸 Alexandre Benavente Martingil (for RTL)
#WalferBicherdeeg #LëtzebuergerBuchpräis #Schülerprojet #Kreativitéit #Portraits #Literatur
Fotoen