Visitt vum Chantier vun der Gare périphérique um Houwald.
D’Klasse 6P5 a 6P6 aus dem Lycée des Arts et Métiers waren am Kader vum Projet “Du bass prett” op Visitt um Chantier vun der Gare périphérique um Houwald.
Dëst ass, nom leschte Joer, déi zweet Visitt organiséiert vu LuxTP wärend där d’Schüler interessant a léierräich Andréck vum Bausecteur kruten.
D’Schüler sinn ënnert Anerem d’Wichtegkeet vun der Sécherheet um Chantier gewuer ginn, hunn eng Demonstratioun vun engem Baggerfuerer erlieft a konnte feststellen, dass hautzedaags mat Dronen d’Aarbecht um Chantier erliichtert gëtt.
E grousse Merci un d’Firma LuxTP vu Sandweiler, besonnesch un den Administrateur délégué Alain DOSTERT, fir de flotten Empfang vun eise Schüler an d’Visitt vum Chantier.
Fotoen