Visitt vum amerikaneschen Ambassadeur

Den 12. Mee 2022 war dee neien amerikaneschen Ambassadeur, den Tom Barret, zesumme mat senger Fra am LAM op Visitt. Als éischt stoung en Echange mat de Schüler∙inne vun der 1GIG1 um Programm wou den Ambassadeur sech dofir interesséiert huet wat d’Schüler∙innen no der 1re wëlle maachen a wéi si déi aktuell Urkain- a Covidkris meeschteren.

No enger kuerzer Presentatioun vun der Schoul an engem Echange mam Sasan Masouvi, dem English Teaching Assistant am LAM, deen iwwer déi amerikanesch Ambassade vermëttelt gouf, war dunn nach eng Visitt a verschidden Ateliere geplangt. Am Atelier Tournage vum Mike Mathieu krut Seng Exzellenz dunn och e klenge Souvenir gefrääst als Erënnerung u seng Visitt.

Fotoen
Retourner