Visitt Ministeren

De 5. Dezember hat de Lycée des Arts et Métiers d’Éier, d’Madame Dr. Stéphanie Obertin, Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul, den Här Eric Thill, Kulturminister an den Här Guy Daleiden, Direkter vum lëtzebuerger Filmfong, op Besuch bei de BTS-Formatiounen am kulturelle Beräich ze begréissen.

D’Zil vun dëser Visitt war et déi verschidde BTS Spezialisatiounen ze entdecken, wéi de BTS Dessin d’animation, de BTS Game art and game design, de BTS Réalisateur grapghique esouwéi de BTS Cinéma et audiovisuell. 🎨🎮🎥

D’Ministeren haten d’Geleeënheet sech mat de Studenten auszetauschen, méi iwwer hir Passioun gewuer ze ginn, esouwéi hir Produktiounen ze entdecken. Et war e wäertvolle Moment fir déi jonk Createuren, déi hir Projete mat vill Begeeschterung virstelle konnten.

Dës Visitt huet d’Bedeitung vun der kreativer an digitaler Ausbildung an der Entwécklung vun de Beruffer am kreativen a kulturelle Secteur ënnerstrach! 🌟

📸 E grousse Merci un d’Schüler vun der 4TPTI fir déi flott Fotoen.

Fotoen
Retourner