Visitt Cargolux
✈️🛠️Gëschter haten d’Schüler vun der DP2MM an der 2TPMG d’Geleeënheet eng spannend Visitt bei der Cargolux ze maachen.
Wärend dësem Besuch konnte si en Abléck an d’Welt vun der Aviatioun an de verschiddene Beruffer an dësem Beräich kréien. D’Schüler hunn déi impressionnant Infrastrukturen entdeckt an interessant Erklärungen iwwer den Alldag an d’Aarbecht bei der Cargolux kritt.
E grousse Merci un d’Cargolux-Ekipp fir den häerzlechen Accueil an déi wäertvoll Informatiounen !
Fotoen