Videoconcours « Crème Fraîche »

🎬 De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert all de Gewënner vum Videoconcours « Crème Fraîche »

D’Präisiwwerreechung war e Samschdeg, den 8. Mäerz am Kinepolis, am Kader vum Luxembourg City Film Festival.
De Concours gëtt all Joer vum Service national de la jeunesse (SNJ) zesumme mam Centre national de l’audiovisuel (CNA) organiséiert a riicht sech u jonk Talenter vu 12 bis 30 Joer.
Mat dräi Kategorien – 90 Sekonne Karma, Karma ass een Dréibuch an Zenario+ – bitt « Crème Fraîche » kreativem Nowuess d’Méiglechkeet, hiert Talent ze beweisen. 🎞️✨

👏👏 E besonnesche Bravo geet un eis Schüler aus der 4TPTI, déi an der Kategorie “90 Sekonne Clip” den 3. Präis gewonnen hunn, an un eis Schüler aus der 3TPTI, déi den 1. Präis kruten! 🏆🎥

👏 Mir gratuléieren och dem Fynn Herr fir seng 3. Plaz an der Kategorie “Karma ass en Dréibuch”.

📷© Mathilde Magne (Service national de la jeunesse), Luna Lennert (Service national de la jeunesse), Anne Diederich (LAM).

#concourscremefraiche #cremefraiche2025 #LycéedesArtsetMétiers

Fotoen
Retourner