Vernissage “Think Ahead“

E Freideg de 4. Juni gouf d‘Ausstellung “Think Ahead“ vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie am Tramsschapp ageweit.

D’Ausstellung ass eng Realisatioun vun de Schüler an de Studenten aus dem LAM, zesumme mam Kënschtler Edmond Oliveira an den Enseignanten.

D’Zil vun der multimedia Ausstellung ass et déi verschidde Facettë vun der Schoul ze weisen, an d’Vergaangenheet an awer och an d’Zukunft ze kucken, an ze weise wéi déi verschidde Sektiounen an Ausbildungen zesumme kënnen interdisziplinär schaffen a kreativ sinn.

Foto-Impressiounen Video-Impressiounen Reportage op monarchie.lu Reportage op rtl.lu
Retourner