Trounwiessel
Am Kader vum Trounwiessel soe mir als Lycée des Arts et Métiers dem Groussherzog Henri e grousse Merci fir seng 25 Joer am Déngscht vun eisem Land a fir säin Engagement fir Lëtzebuerg a seng Bierger.
Dem neie Groussherzog Guillaume an der Groussherzogin Stéphanie wënsche mir vill Gléck, vill Kraaft an eng glécklech Hand fir hir nei Aufgab am Déngscht vum Grand-Duché.
Besonnesch houfreg si mir op eis fréier Schülerin a Grafik-Designerin Yolande Koster-Kaiser, déi d’grouss Éier hat den offizielle Monogramm fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume auszeschaffen :
https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/2319569.html?_x_preview=1.
Images: Maison du Grand-Duc (Photographes luxembourgeois Kary Barthelmey et Christian Aschman)
Photos