Telefonskabinn

Zanter kuerzem steet am Schoulhaff um Lampertsbierg eng flott designten Telefonskabinn.

All eis Schüler an eist komplett Schoulpersonal kënnen hei Saache wéi Bicher, Accessoiren, Spiller oder CDen tauschen. Saachen, déi ee selwer net méi wëll, mee déi nach an engem gudden Zoustand sinn, kann een hei dra maachen a Saachen, déi engem gefalen, kann ee gratis mathuelen.

Vill Spaass beim Tauschen!

Retourner