Tammy DIDERICH

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Mäin Numm ass Tammy Diderich, ech hunn 28 Joer a schaffen als Diététicienne am Sportlycée. A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, ech kachen a bake gär an ech gi gär raus an d’Natur. Ech géif mech als positive Mënsch beschreiwen, dee probéiert d’Liewen ee Maximum ze genéissen a gären anere Leit hëlleft.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hu mat 26 Joer mat mengem Kachbuch ugefaangen a mäin Ëmfeld war ganz begeeschtert an huet mech um ganze Wee ëmmer gutt ënnerstëtzt.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ech géif soen: wann et däin Dram ass ee Buch ze schreiwen dann „just do it“. Mir sote vill Leit et géif awer schwéier ginn a „Kachbicher ginn et jo awer och scho ganz vill“, ma ech hunn mäin Dram awer realiséiert kritt. Dofir: „bleif drun wann s du eppes wëlls“

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Nee, ech schaffevollzäit als Diététicienne. D’Kachbuch schreiwe war fir mech éischter een Hobby an een Dram deen ech wollt erméiglechen.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Do ass de Choix schnell getraff, well ech hu réischt ee Kachbuch geschriwwen. Liese bzw. duerchkucke sollt een sech mäi Kachbuch well et nëmme Rezepter enthält déi séier ginn, gesond an equilibréiert sinn, déi jiddereen hikritt an och nach richteg lecker schmaachen.

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Den Haaptgrond firwat ech dëst Kachbuch geschriwwen hunn ass, well ech de Leit wëll weisen, dass een och ganz einfach a séier gesond Moolzechte kann zoubereeden. Motivéieren deet mech mäin Ëmfeld an och jiddereen dee meng Rezepter nokacht a mir lecker Fotoen dovunner schéckt.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Mech inspiréiere fir ze kachen a Rezepter ze entwéckele maachen ech vill am Internet. Wann ech op Soziale Medie sinn ass et quasi nëmme fir mir Rezepter unzekucken, ech inspiréiere mech dorunner a probéieren da mäin eegent Rezept doraus ze entwéckelen.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Beim Kachbuch hunn ech amfong net de gréissten Deel mat schreiwe verbruecht mee mat kachen a Fotoe maachen. Dofir dinn ech am léifste gemitterlech Kleeder un a maache gutt Musek un, da kann ech stonnelaang an der Kiche stoen.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Fir éischt ass mäin Zil dass ech mat mengem éischte Buch nach vill Leit erreeche wäert an hinnen domadder hëllefe „einfach, schnell a gesond“ ze kachen. An firwat net och nach eng Kéier een 2. Kachbuch rausbréngen.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Gléck bedeit fir mech déi Saachen am Liewen ze hunn déi ee glécklech a frou maachen. Fir mech ass dat zum Beispill meng Famill a meng Kolleegen, awer och eng Aarbecht ze hunn déi mir vill Spaass mëscht. Ech denke wa mir eis am Liewe vill méi op déi positiv Saache wéi op déi negativ Saachen fokusséieren si mir automatesch méi glécklech.

Retourner