take off
Haut an och nach e Donneschdeg ass de Pre-Casting fir déi innovativ Science Game Show Take Off.
Mir drécken eisen interesséierte Schüler fest d’Daumen, dass si sech fir de Casting op der Telé qualifizéieren!
Take Off ass eng Take Off ass eng Science Game Show mat 13 Episoden, an där 12 jonk Leit tëscht 15 a 21 Joer a spannende wëssenschaftleche Challenge géinteneen untrieden.
No all Episod muss ee Kandidat d’Show verloossen, bis zum Schluss nëmmen nach déi bescht zwee an der grousser Finall stinn a bis zu 10.000 € Präisgeld gewanne kënnen!
D’Sendung gëtt op RTL gewisen a gëtt gläichzäiteg iwwer Instagram an TikTok begleed, fir och online jonk Leit fir d’Wëssenschaft ze begeeschteren.
https://www.takeoffshow.lu/
Fotoen