Summerfest LAMAlumni

E grousse Merci un d’LAMAlumni fir hiert flott Summerfest! ☀️🎉

Bei beschter Stëmmung hu fréier Schüler, fréiert Personal an aktuell Mataarbechter d’Geleeënheet genotzt, sech erëmzegesinn an e puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen. Fir gutt Iessen a Gedrénks war natierlech och beschtens gesuergt.

Flott Gespréicher, vill schéin Erënnerungen an déi eng oder aner Anekdot hunn dësen Owend zu engem besonnesche Moment gemaach. ✨

E grousse Merci fir dëse gelongenen Owend an déi aussergewéinlech flott Atmosphär! 🙌

Fotoen
Retourner