Strike um Houwald
Dës Woch si mir zesumme mat eise Schüler an de Strike um Houwald gaangen, fir zesummen eng flott Zäit ze verbréngen.
Um Programm stounge Billard, Darts, Airhockey an natierlech vill Spaass! 🥳
D’Schüler an d’Erzéier vum Service éducatif hu sech richteg gutt amuséiert. Et gouf vill gelaacht, sportlech Erausfuerderunge gemeeschtert an den Teamgeescht gestäerkt. 💪🎉
Mir freeën eis schonn op déi nächst Aktivitéit! 😊
Fotoen