Stage Voile

D´Schüler vun de COP a 5e Klassen, begleet vun Enseignantë an Educateuren, ware vum 2. Mee bis de 6. Mee op e Seegelstage um IJsselmeer an Holland.

Si hunn déi ganz Woch op 2 Seegelschëffer verbruecht wou si mat vill Freed a Begeeschterung selwer geseegelt sinn. Owes hu si selwer gekacht. Et gouf ënner anerem Kniddelen, Cachupa an de leschten Owend ass souguer op Deck gegrillt ginn.

Op hirem Seegelstage deen zu Lemmer lass gaang ass, hu si och d’Stied Stavoren, Texel a Medemblik besicht.

Zu Texel ware si Speedboot fuehren, hunn e Velostour an eng Robbensichtung gemaach. Dono goung et op d’Plage.

Et war wierklech e gelongene Seegelstage.

Fotoen
Retourner