Shell Eco Marathon

Och dëst Joer hellt de Lycée des Arts et Métiers um renomméierte Shell Eco Marathon vum 20. bis den 25. Mee zu Nogaro (Frankräich) deel. De Shell Eco Marathon ass eng vun de weltgréisste Kompetitiounen am Beräich vun der Energieoptimiséierung, a Studenten aus alle Länner trieden hei mat hire selwergebauten energieeffiziente Gefierer un.

D’Team vum LAM besteet aus 7 Studenten: Jorge Gonçalves 2TPMG, Daryl Sanfilippo 2TPMG, Jim Zeimes 2TPMG, Joanna Schoeben 2TPDG, Iara Dos Santos 2TPDG, Erik Gilson 2CI a Ben Even 2CI begleed vun 4 Enseignanten: Tom Schmitz, Sam Elsen, Damien Brauch an Angèle Zimmer.

Nodeems eisen Ecotöff, dee komplett vun eise Schüler gebaut an optimiséiert ginn ass, déi technesch Kontroll gepackt hat, ass et op d’Streck gaangen. Hei si bei guddem Wieder bis elo 3 Testleef gefuer gi mat excellente Verbrauchswäerter vu 351, 401 an 490 km/L.

Mir felicitéieren dem ganzen Team fir dës formidabel Resultater an hir aussergewéinlech Aarbecht an drécken ferm d’Daume fir d’Kompetitioun!

Fotoen
Retourner