Shell Eco Marathon

Och dëst Joer hëlt de Lycée des Arts et Métiers um renomméierte Shell Eco Marathon vum 19. bis den 24. Mee zu Nogaro (Frankräich) deel. De Shell Eco Marathon ass eng vun de weltgréisste Kompetitiounen am Beräich vun der Energieoptimiséierung, a Studenten aus alle Länner trieden hei mat hire selwergebauten energieeffiziente Gefierer un.

D’Team vum Lycée des Arts et Métiers besteet aus 8 Studenten: Leo Watgen (3GIG2), Misch Dahm (2GIG1), Yan Chorosz (3TPMG), Ben Schott (4TPMG), Davy Almeida Vaz (4TPMG), Mikka Mangers (4TPMG), Elsa Reuter (DC1MI) a Laurie Schengen (DC1MI) begleet vun 4 Enseignanten: Damien Brauch, Emanuel Ries, Tom Schmitz an Angèle Zimmer.

Gëschter huet eisen Auto, dee komplett vun eise Schüler gebaut an optimiséiert ginn ass, déi technesch Kontroll gepackt an haut geet et op d’Streck.

Mir felicitéieren dem ganzen Team fir hir formidabel Aarbecht a wënschen hinne vill Erfolleg fir d’Kompetitioun!

Retourner