Salon de l’orientation

Vum 2. bis de 6. Mäerz war am Lycée des Arts et Métiers de “Salon de l’orientation”. Wärend dëser Woch haten eis Schüler aus den Ofschlossklasse vun de “classes inférieures” d’Méiglechkeet, verschidde Beruffer a Formatioune kennen ze léieren.

Sou konnten eis 5G-, 5GIF-, 5P-, 5AD/F-, CIP-, COP- a CLIJA-Schüler sech fir déi verschidde Presentatiounen umellen, déi si besonnesch interesséiert hunn.

E grousse Merci un all déi extern Intervenanten (Schoulen, Institutiounen, Initiativen, Betriber a Patronen), déi hei matgemaach hunn an eise Schüler ganz interessant Informatiounen iwwer d’Beruffer, déi si ubidden an/oder ausbilden, vermëttelt hunn:
• BLL (Bouneweger Lycée)
• Boutique Richy
• CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours)
• Chambre de Commerce
• EHTL (École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg)
• ENSA (École nationale de Santé du Luxembourg)
• Gliedner Elektro
• Hornbach
• Losch Luxembourg
• LTC (Lycée technique du Centre)
• LTPES (Lycée technique pour professions éducatives et sociales)
• OSNA (Op der Sich no enger Ausbildungsplaz)
• Transports Emile Weber
• Lëtzebuerger Arméi
• Naturpark Our

Net ze vergiessen eis Enseignanten, déi mat vill Passioun déi verschidde Formatiounen, déi de LAM ubitt, eise Schüler presentéiert hunn. En décke Merci un:
• Claude Bodson (informatique)
• Yolande Bossers (artistique)
• Sam Elsen (mécanique)
• Cecilia Valente (ingénerie, sciènces naturelles)
• Mike Zawidzki (smart technologies, mécatronique)
• Yvonne Zotz (DAP inclusion)

Merci och un d’Cellule d’orientation, de Service éducatif an de Service technique, déi zesumme fir e reiwungslosen Oflaf vun dëser Woch gesuergt hunn.

Fotoen
Retourner