Rulantica
En Dënschdeg, den 1. Juli 2025, hunn eng Rei Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers, déi sech duerch Sportaktivitéiten, LASEL-Championnater, Fun & Action Aktivitéiten, d’Gewanne vum Footballstournoi oder duerch e besonnesche Mérite ervirgedoen hunn, un engem onvergiesslechen Ausfluch an de Rulantica beim Europa-Park deelgeholl. 🏊♂️⚽🏅
Et war en Dag voller Waasserrutschen, Laachen, Sonn a gudder Stëmmung fir d’Schüler an hir Enseignanten! ☀️🌊 💦
#Rulantica2025 #FunAndAction #LASEL #EuropaPark
Fotoen