Robert L. PHILLIPART

Robert L Philippart a Christian Aschman

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sin Historiker an hu mäin Dokotorat op de Uni zu Louvain-la-Neuve gemat. D’Geschicht ass fir mech eng onendlech Passioun. Ech hu 14 Bicher a ronn 250 Artikele geschriwwen.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hu mat 17 Joer meng éischte Publicatioun gehat. Ech gouf vu ganz ville Leit encouragéiert weider ze schreiwen.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Doriwwer ze schreiwen wat engem selwer Freed mécht a begeeschtert. Séng Passioun fir d’Schreiwen voll ausliewen! Sech bewosst sinn, dat Schreiwe Communicatioun ass, iwwert d’Zäit an de Raum eraus.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Et wiir ëmmer schwéier gewiecht vum Schreiwen erleng ze liewen. Ech wor 18 Joer laang Direkter vum Office National du Tourisme a sinn zanter 2017 UNESCO Site Manager am Ministère de la Culture. Ech hat an hun d’Chance a Beräicher ze schaffen déi meng Intressen als Autor ganz no sinn.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?

Le difficile chemin vers la grande ville, regards croisés sur l’œuvre de Paul Retter, Luxembourg, 2021.
Wann een dëst Buch liest da versteet een wéi sech d’Stad Lëtzebuerg vun enger Festungsstad zu enger oppener Stad an dono zu enger europäescher Haptstad entwéckelt huet.

Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

„Ce mouvement le renouvellement de la ville remonte aux années 1910 et s’explique par la volonté d’adapter les anciens îlots de la ville forteresse à la qualité de vie des quartiers périphériques nouveaux ».

« La stratégie économique remplace la stratégie militaire ».

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Nidderzeschreiwen wat ech a menge Recherchen erausfannen an dat mat anere Leit iwwert Publicatiounen, Visitten oder Konferenzen ze deelen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Ech wëll verstoën wou ech liewen, a firwat mäin Environnement permanent changéiert.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Mäi Bureau ass mäin Atelier, voller Bicher, Dokumenter ënnert alle Formater. Eng gebuerge Rou an Intimitéit brauch ech fir meng Texter ze schreiwen. Mäi Computer ass mäin engste Verbündeten. Ritualer hun ech keng, wann en Text am Kapp prett ass muss ech en esou séier wi miglech nidderschreiwen. Dat ass sëcher bei engem Moler, Musiker oder Sculpteur net anescht.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Dat wonnerbart un der Geschichtsfuerschung ass datt een ëmmer neits fënd, nieft neien Themen. A wann een d’Vue op eppes changéiert deet sech e neien Univers op. Schreiwen entspaant mech. Ech wäert esou weidermaachen wéi zanter 45 Joer.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

An dësem Kontext, datt ech mat deem wat mech begeeschtert anere Leit Freed ka maachen!

Retourner