Robert KIEFFER

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?

Ech si kee Schrëftsteller, mee e Journalist, Auteur a Fotograf. Ech sinn iwwert de Journalismus zum Bichermaache koum. Mam Journalismus hunn ech ganz fréi ungefaangen, mat 17 Joer als Lokalkorrespondent vum „Luxemburger Wort“.

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?

Vill Iddien hu mat menge Reesen als Journalist ze dinn. 

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?

Mäi Liblingsbuch ass „Luxemburg im Heißluftballon“, wou ech bei ville Flig ganz Lëtzebuerg aus engem Warmloftballon fotograféiert hunn (deemols sinn et nach keng Drohne ginn). Dat Buch huet och zu enger Fotosausstellung gefouert, déi a Partnerschaft mat de Lëtzebuerger Ambassaden bal duerch ganz Welt gereest ass: USA, Thailand, Laos, Indien, Mëtteleuropa …  

Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?

Wéi schons gesot: Ech schreiwe keng literaresch Wierker, also kommen a menge Reportagen an Texter fir Sachbicher och keng fiktiv Charaktere fir, mee nëmme real Personnagen.  

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?

Matdeele kënnen, wat ech erliewt a gesinn hunn.

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?

Rees-Erliefnesser, Landschaften, Stied …

A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?

Well ech vill fir däitsch Zeitungen (e.a. regelmässeg fir d’Frankfurter Allgemeine Zeitung) a Magaziner schaffen, ass meng Schreiw-Sproch Däitsch.

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?

A mengem Büro schreiwen ech am léifsten. Während dem Joggen oder Wanderen komme mir oft Iddien.

Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

Et ass een ëmmer frou, wann een e grousse Publikum kann erreechen, onofhängeg vun Alter, Beruff, Nationalitéit etc. 

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

Ech ka just een Tuyau fir d’Aktivitéiten vu Journalist an Auteur ginn. An dat wär kee bestëmmten Schoulfach, mee eng gutt Allgemengbildung. Regelmässegt Liese vu gudden Zeitungen a Magaziner ass och hëllefräich.

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Nee, a menge Sachbicher komme keng Familljemembere vir.

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?

Meng Famill ënnerstëtzt mech ëmmer bei menge Reportage a Bicher. Si géifen och gäre meng Manuskripter am Viraus liesen. Mee do sinn ech net domat d‘accord, fir mech net beaflossen ze lossen.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Iddien huet een ëmmer, mee se mussen och verwertbar an d‘Bicherprojeten bezuelbar sinn. De Moment ass näischt Konkretes dobäi.

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Ech sinn vun der aler Schoul, hunn nach op der Schreifmaschinn getippt, meng Texter mat der Post verschéckt a meng analog Fotoen an der Dunkelkammer entwéckelt. Ech si kee Frënd vun de soziale Medien an och net vun digitale Bicher. Ee Buch muss ee kënnen upacken, de Pabeier spieren a richen. 

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Si gëtt oft méi schlecht gemaach wéi se ass. Dobäi huet Jugend vun hat et net einfach. De Corona war eng schwéier Zäit fir se. An déi aktuell weltpolitesch Lag an d’Emweltkatastrophen maachen et vill Jugendlecher schwéier, fir optimistesch an d’Zukunft ze kucken.  

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?

Jo, ech géif soen, dat bal jidereen, dee schreiwt, Angscht vrum eidele Blat oder vrum eidele Computerschierm huet. Am beschten, eng Nuecht driwwer schlofen, an da geet et erëm.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Dat ass ganz schwéier. De Problem ass, dat esouguer an eisen Nopeschlänner d’Wëssen iwwer Lëtzebuerg, seng Kultur a Gesellschaft oft dramatesch geréng ass.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Well ech jo keng Literatur, mee Sachbicher schreiwen, muss ech am Viraus wëssen, mat wat fir engem Thema d’Buch ophällt.

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

A menge Sachbicher geet et nëmmen em Reales, an net ëm Fantasie.

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Nee, well e Buch soll eppes Soziales sinn, wat ee mat esouvill Leit wéi méiglech deelt.

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Nee, vielleicht hunn ech emol eng Iddi opginn, mee bis zum Projet ass et dann emol iwwerhaapt net koum.

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Obwuel ech nach ëmmer als Journalist an Auteur schaffen, sinn ech mëttlerweil pensionéiert. Dat heescht, dat ech keen Haaptberuff méi hunn, mee vill Fräiheeten vir meng ganz individuell Text- a Fotosaarbechten.

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

Vill Freed beim Bliederen a Liesen!

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Ech hu kee bestëmmten Dag, mee ech schreiwen am Léifste mueres, da sinn de Kapp an de Kaffi nach frësch.

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Nee, dofir hunn ech dat zevill duerchduecht, ier ech e Buch an Ugrëff huelen. 

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Ech sinn eng Liesrat an een Norichten-Junkie, besonnesch wat Zeitungen a Magaziner ubelaangt. Fir meng Reportagen virzebereeden liesen ech vill Reesguiden, Biografien, Kultur- a Konschtbicher etc. Owes fir z’enstpannen gären emol ee Krimi.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Meng Interviewen mat de Leit a meng Andréck halen ech klassesch mat Notizbléck fest. Mee  d’Geschichte selwer tippen ech um Computer.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Bei Aufsätz jo, wat ech awer net vu Mathematik, Chimie oder Physik ka behaapten.

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Mäin Dramjob war ëmmer Journalist ze ginn, wat ech jo da gi sinn, och wann ech parallel am Editiounsberäich geschafft hunn. 

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Et soll een d’KI net iwwerbewäerten, mee och net ënnerschätzen. 

Retourner