Renée WEBER

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ech gesi mech net als Schrëftstellerin.

Eigentlich sinn ech iwwert Zeechnen zum Schreiwe komm.

Et huet domadder ugefaangen, datt ech Geschichte vun aneren Auteuren illustréiert hun bis ech dunn eemol selwer eng Geschicht geschriwwen an illustréiert hun an duerno nach e puer méi.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Nei Ideen entstinn oft duerch irgendeppes wat ech gesinn, z.B. ee Maulefskoup am Gaart oder eng Spann déi en Netz baut. Mee net aus all Idee entsteet och automatesch eng Geschicht.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat? 

De Janosch an de Roald Dahl si meng léifste Kannerbuchauteuren wéinst hirer Phantasie an hirem Witz.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet? 

Ech schreiwen fir d’Kanner op lëtzebuergesch.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Dat Buch mat deem ech nominéiert gi sinn heescht, Dem Louis seng Nues.

An deeër Geschicht geet et dorëms datt Alles och dat Schéint eemol eriwwer ass.

Dofir ass de Schnéimann ideal well e just zäitlech begrenzt fir d’Kanner do ass an di Freed eemol eriwwer ass.

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus? 

Meng Geschichten entstinn iwwert dem Schreiwen. Dowéinst molen ech och d’Biller réischt wann d’Geschicht fäerdeg ass well et ka sinn datt se soss net méi bei d’Geschicht passen.

Wéi laang ech un engem Buch schaffen ass ganz ënnerschiddlech, dat geet vun 6 Méint bis zu 4 Joer.

Ech hu schon e puer Geschichten ugefang an net fäerdeg geschriwwen a Skizze gemolt mee dat heescht net datt doraus net irgendwann awer eppes entsteet. 

Wa mir näischt afällt da ginn ech an de Gaart schaffen.

Retourner