Red Bridge Project

D’Schüler vun der 3TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers hunn am Kader vum Red Bridge Project, wärend de Prouwen am Grand Théatre an an der Philharmonie Fotoen “behind the scenes” vum Lemi Ponifasio senger kënschtlerescher Aarbecht gemaach.
(Enseignante Christiane Legill; Koordinatioun Edmond Oliveira)

De Red Bridge Projet, dee 2017 lancéiert gouf, soll Brécke bauen, engersäits tëscht dräi Kulturinstitutiounen zu Lëtzebuerg, déi op béide Säite vun der “Rouder Bréck” stinn an de Stadkär mam Quartier Kierchbierg verbannen; op der anerer Säit och tëscht verschiddenen artistesche Disziplinnen, Publikumsgruppen a soziale Gemeinschaften. Dëst Joer ass de Regisseur a Choreograph Lemi Ponifasio aus Samoa den artisteschen Direkter vun der Red Bridge Project Saison, eng interdisziplinär Zesummenaarbecht tëscht de Lëtzebuerger “Théâtres de la Ville”, dem Mudam an der Philharmonie.

D’Fotoen, déi d’Schüler gemaach hunn, ginn den 28. Juni ab 22:30 Auer op der Mauer vum Mudam projezéiert.

Fotoen
Retourner