Quizowend
E flotte Quizowend voller Wëssen, Teamgeescht a Spaass!
D’ Schülerinnen a Schüler vun der 6P5 a 6P6 hu mat vill Engagement am Kader vum Projet “Du bass prett” e Quizowend fir hir Elteren organiséiert a presentéiert.
Vun der Virbereedung, vun de Froen iwwer d’Moderatioun bis bei d’Organisatioun hu si alles selwer an den DBP-Stonnen op d’Been gestallt. D’Resultat war e spannenden an ënnerhalenden Owend, bei deem d’Elteren zesummen hiert Wëssen op d’Prouf gestallt hunn.
E grousse Merci un all d’Familljen, déi dobäi waren an dësen Owend zu engem schéinen Erliefnis gemaach hunn!
Fotoen