PSSM-Teen
Mental Gesondheet geet eis all un!
Psychesch Problemer si bei Jonken heefeg, mee nach ze oft en Tabu.
Dofir huet de LAM fir déi 4. Kéier d’Formatioun “PSSM-Teen” organiséiert:
184 Schüler aus eise 4e-Klassen hu matgemaach!
Si léieren:
• Warnsignaler erkennen
• Frënn an Nout ënnerstëtzen
• Hëllef bei Erwuessenen sichen
Iwwer 120 Membere vum Personal si schonn als PSSM-Youth Secouristen ausgebilt.
Zesumme maache mir mental Gesondheet sichtbar.