Premièresexamen

🎓 Léif Primanerinnen a Primaner,

De Lycée des Arts et Métiers wënscht iech vill Gléck, Courage a vill Erfolleg fir är Ofschlossexamen!

Mir am Lycée des Arts et Métiers si stolz op iech. Mir hunn iech wuesse gesinn, mir hunn iech begleet, an elo stitt dir um Ufank vun engem neien Abschnitt.

Et ass ganz normal, nervös oder opgereegt ze sinn, vertraut op äert Wëssen, äert Potenzial an är Fäegkeeten!

Behaalt äer Ziler fest virun Aen – Dir hutt dëse Wee mat vill Asaz, haarder Aarbecht an Disziplin gemaach. Dat ass eng Leeschtung, op déi dir stolz dierft sinn.

Elo ass et un der Zäit, äert Bescht ze ginn a dës lescht Erausfuerderung mat Bravour ze meeschteren.

🍀 Mir gleewen un iech – fir haut, fir muer, fir är Zukunft.

#LAM #Premieren2025 #DirPacktDat #StolzOpEisPrimaner #FingersCrossed

Retourner