Portes ouvertes

Merci

De 26.04. an de 27.04. waren d‘ “Portes ouvertes“ Deeg vum Lycée des Arts et Métiers op de Sitten Dummeldeng a Lampertsbierg.

Hei konnten eis zukünfteg Schüler an hir Elteren eise Lycée entdecken an eis schoulesch Offer kenne léieren.
E grousse Merci un déi vill Visiteuren, déi mat vill Interessi un eise personaliséierte Visitten deel geholl hunn.

E grousse Merci un eis engagéiert Schüler, déi mat vill Frëndlechkeet, Begeeschterung an Engagement eis Schoul wonnerbar representéiert hunn.

E grousse Merci och un eis Personal fir d’Organisatioun an de professionellen Oflaf vun de “Portes ouvertes”. Mir sinn houfreg op ären onermiddlechen a remarkabelen Asaz.

An nach e ganz décke Merci un d’Cargolux an u Reka, déi dëst Event mat hirer Präsenz beräichert hunn.

Merci och un d’Alumni, d’SCLAM, d’APELAM vum LAM.

All zesummen hutt dir zum Succès vun dësem Event bäigedroen.

Fotoen
Retourner