Nei Publikatioun

by Lycée des Arts et Métiers

De Lycée des Arts et Métiers huet eng nei Publikatioun erausbruecht a Form vun enger Zeitung mat Fotoen, déi d‘Schüler(inne) vun 3 Ofschlossklassen hirem Enseignant Jos Tomassini wärend dem Lockdown 2020 geschéckt hunn, fir op dës Art a Weis Kontakt ze halen.

2021 huet d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte dëse Projet finanziell ënnerstëtzt, a sou konnt dës flott Brochure dunn a Produktioun goen, dëst mat der Collaboratioun vum Graphiker Paulo Tomas, fréiere Schüler aus dem LAM.

D’Zeitung mat schwaarz-wäisse Fotoen ass en impressionanten an eenzegaartegen Temoignange vun der Zait vum Lockdown aus der Perspektiv vun de Jugendlechen.
Et kritt een d’Zeitung fir 20 EUR bei eis am Lycée.

D’Brochure ass och en Hommage un d‘Frederica, dat am Januar 2021, an engem trageschen Autosaccident, sai Liewen verluer huet.

Fotoen

Retourner