Mini-Entreprisen

Mini-Entreprisen

Den 1. an 2. Mäerz waren déi 3 Mini-Entreprisen “LETZ GUESS”, “Grillsquare” a “Precious Place” aus dem Lycée des Arts a Métiers mat hire Stänn an der Belle Etoile fir eng Vente en Commun.

Bei dësem Event huet d’Mini-Entreprise “Grillsquare” leschte Samschden de Präis vum beschte Stand kritt. Mir gratuléieren de Schüler aus der 2CI fir hire flotte Stand an hir dynamesch Attitüd, déi de Jury iwwerzeegt huet.

E grousse Bravo un all d’Schüler vun de Mini-Entreprisë fir hiren Entrepreneursgeescht.

Fotoen
Retourner