Mini-Entreprise 3D2C

Am Kader vun hirer Mini-Entreprise mam Numm 3D2C huet d’Klass 2TP3D Prototyppe vu Miwwel gemaach déi och an Zäite vu Covid19 d’sozial Distanz am ëffentleche Raum erlaben.

D’Miwwel ginn am Moment an engem Pop-Up Store vun de Jonken Entrepreneuren op der Adress 38, rue Philippe II an der Stad gewisen a wäerten och op www.letzshop.lu ugebuede ginn.

Déi verschidde Miwwel sinn an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltberodung, dem SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique) an der Menuiserie Modulor am Sënn vun der Économie circulaire (C2C) entwéckelt a produzéiert ginn.

Weider Detailer fannt Dir

um Website
op Instagram
op Facebook

Weider Biller ginn et hei:

Impressiounen
Retourner