Mérite Jeunesse

Am Kader vum Projet “Mérite Jeunesse” hunn 15 Schüler aus dem Lycée des Arts dëse Mount hir Expeditioun fäerdeg gemaach um Niveau Bronze.

Vum 22. bis 24. Mäerz si si vu Miersch, duerch d’Fiels op Befort getrëppelt. Vu Befort ass et weider bis op Dikrech gang, bis si dunn op der Dikrecher Gare hirt Zil erreecht haten. Insgesamt hu si 50 km an 800 Héichtemeter zeréckgeluecht.

Mir soen all de Schüler Merci déi matgemaach an encouragéiere si sou weider ze fueren.
E Merci geet och un hir Tuteuren.

Fotoen
Retourner