Mérite Jeunesse

Den 11. Mäerz 2025 war um Campus Geesseknäppchen déi alljärlech “Award Ceremony” vum “Mérite Jeunesse Luxembourg”. Bei dësem wichtegen Event goufe Jugendlecher am Alter vun 14 bis 25 Joer fir hiert ausserschoulescht Engagement ausgezeechent.

De “Mérite Jeunesse Luxembourg”, deen 1993 gegrënnt gouf a mam internationale “Duke of Edinburgh’s Award” verbonnen ass, belount all Joer déi Jonk, déi duerch Sport, Benevolat, Talententwécklung oder Expeditiounen erausstiechen. Och dëst Joer war e besonnescht erfollegräicht Joer mat iwwer 300 Laureaten!

D’Präisiwwerreechung war den 10. Mäerz a Präsenz vum Groussherzog Guillaume, dem Prënz Guillaume, dem Prënz Paul-Louis souwéi der Ministesch Martine Deprez.

Mir gratuléieren all de Gewënner vum “Mérite Jeunesse 2026”, an natierlech ganz besonnesch den 12 Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers:
Bronze: Chengyu, Dorothée, Emma, Eve, Hong Tao, Leni a Samantha
Gold: Cedric, Gergely, Iara, Leslie a Valérie

Eis Schüler goufe begleet vum Célia Elsen, Deborah Goergen, Nusret Vreva vum Service éducatif, souwéi vum Kim Heuskin, Direktesch an dem David Reinartz, Directeur-adjoint.

E besonnesche Merci geet och un eis fréier Schüler Gergely an Timothy, déi dës offiziell Feier moderéiert hunn.

Fotoen
Retourner