Mérite Jeunesse
Léif Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers,
De Mérite Jeunesse ass e Prozess vu perséinlechem a sozialem Developpement vun de Jonke vu 14 bis 25 Joer. D’Aktivitéite vun de verschiddene Voleten hëllefen dëse Prozess ze ënnerstëtzen.
Duerch déi nei Erfarungen entdeckt een nei a verstoppten Talenter a Fäegkeeten.
Eis Ambitioun ass, dass och eis Schüler d’Méiglechkeet hunn, fir beim Mérite Jeunesse kënnen deelzehuelen.
Falls du nach Froen iwwer dës gréissten international Beweegung zu Gonschten vun der Jugend weltwäit hues, oder dech direkt umellen wells, da komm beim SSE laanscht.