Mechatroniker / Mécanique générale
An der Ausbildung vun de Mechatroniker, an an der Mécanique générale léieren d’Schüler als éischt déi wichteg Grondfäegkeeten mat konventionelle Maschinnen an Techniken. Dat ass essentiell, well et am Betrib spéider dacks drëm geet Baudeeler unzepassen, ze reparéieren oder ze ersetzen.
Gläichzäiteg spillt an der moderner Industrie och d’CNC-Technik eng grouss Roll, besonnesch wann et ëm Massenproduktioun oder komplex Baudeeler mat CAD/CAM geet.
Hei ze gesinn ass ee Schüler aus der DC3MI, deen e Baudeel fir säin Drockluft-Kolbenmotor hierstellt. D’Schüler hunn dofir selwer de CNC-Programm geschriwwen an d’Maschinn ageriicht, ier d’Werkstéck produzéiert gouf.
Am Video gesäit een nëmmen e klenge Moment vum Fabrikatiounsprozess, mee hannendru stécht vill Léierprozess, Praxis a Know-how, dat sech d’Schüler/Apprentien am Laf vun hirer Ausbildung opbauen. ⚙️
Fotoen Video