Mechanik / Mechatronik
Ze gesinn ass en impressionant hiergestallten 2-Kolben-Motor, gefäerdegt vun engem Schüler aus der DP1MG🔧.
Op den éischte Bléck kéint ee mengen, et wier eng „einfach“ Aarbecht. Mee hannert esou engem Projet stieche vill eenzel Schrëtt, déi virun allem mat vill Genauegkeet a Konzentratioun hiergestallt musse ginn.
All Schüler huet säin eegene Léierwee. Wann een an engem Beräich gutt virukënnt, ass et wichteg dat Potenzial ze erkennen a weider ze fërderen. Dëse Schüler huet dowéinst eng zousätzlech Erausfuerderung kritt vun sengen Léiermeeschteren am Atelier.
D’Resultat schwätzt fir sech. Wat mat Motivatioun, Ausdauer a präziser Aarbecht méiglech ass👏.
Eng immenz staark Leeschtung fir d’1. Léierjoer!
📩 Falls Dir interesséiert sidd un enger Formatioun am Beräich Mechanik oder Mechatronik, kënnt Dir Iech gäre beim sam.elsen@education.lu mellen oder eis op der Porte ouverte den 15. a 16. Mee am C01 besichen.
Fotoen Video