Maxime WEBER

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sinn de Maxime Weber, ech sinn 29 Joer al an wunnen a schaffen zu Berlin. Ech hunn hei an zu München Philosophie studéiert. A menger Fräizäit lauschteren a maachen ech gäre Musek (meeschtens zimmlech haart), bauen Lego-Sets zesummen a kachen fir meng Frënn a Famill.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hu mat 9 Joer mäin 1. Roman geschriwwen. Meng Mamm schreift och selwer, dowéinst hu si a mäi Papp mech vun Ufanks un encouragéiert, d’Schreiwen weider ze verfollegen.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Schreif just dat, wouropper du Loscht hues. Vill jonk Schrëftsteller:innen, mat deenen ech schwätzen, hunn Angscht, dass dat wat si schreiwen, keen interesséiert – mee wann der gutt schreift an zu 100% hannert dem stitt, wat der maacht, dann wäert der och ärt Publikum fannen.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Ech schaffen haaptberufflech an der Presse & Ëffentlechkeetsaarbecht bei enger däitscher Ëmweltschutzorganisatioun.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Meng englesch Kuerzgeschicht ‚Panima‘, déi een an der Kollektioun ‚Young Voices – Short Fiction by Young Writers from Luxembourg‘ vu Black Fountain Press fannen kann an déi ech momentan zu engem Roman ausbauen. Een Liblingssaz aus där Geschicht hunn ech net wierklech, mee éischter een Lieblingsofsatz:

‚The only thing left to them beyond mere survival was the sight of strange beauties that they witnessed from time to time. Flocks of giant power poles wandering in wide arching steps over untended corn fields, towards an unknown destination. Swarms of planes dancing in unfathomable patterns across the sky. And noises in the distance that sounded like music not meant for human ears.’

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

D’Interaktiounen a Gespréicher mat Lieser:innen an anere Schrëftsteller:innen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Alles Méigleches, haaptsächlech awer Filmer, Serien, Videospiller, Musek, Romaner, Internetkultur a Saachbicher.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Well ech Vollzäit schaffen, schreiwen ech meeschtens owes u mengem Schreifdësch doheem a menger Berliner Wunneng. Ritualer hunn ech net wierklech, ausser dass ech all Kéiers prokrastinéieren iert ech mam Schreiwen ufänken. Ech lauschteren och gären Musek beim Schreiwen – meeschtens Klassik, instrumentalen Hip Hop, Post-Rock, Vaporwave, Ambient oder Film- a Videospillsoundtracks, well déi sech ganz gutt als Hannergrondmusek eegnen.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Ech schreiwen momentan u mengem nächsten Roman, deen ech gären deemnächst verëffentleche well. Dozou hunn ech een weideren, gréisseren Romanprojet an eng Kuerzgeschichtesammlung geplangt. Ausserdeem ass et mäin Zil, meng Bicher an den nächste Joren och am Ausland ze verëffentlechen.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Momenter vu Schéinheet ervir ze bréngen.

Retourner