Maï DIFFERDING

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sinn e Krauselkapp, Hondsbesëtzerin, Léierin a säit kuerzem Mamm vun engem wonnerbare Meedchen. Ech kachen a bake gär, spillen Tennis, liesen an der Vakanz vill a gi gär spadséieren. Am allerléifsten hunn ech e gutt kale Wanter.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hu viru 4 Joer ugefaange mat schreiwen, awer keng klassesch Geschichten mee Rezepter an Informatiounstexter. Ech hunn domadder ugefaange well ech wollt Rezepter op Lëtzebuergesch fir meng Klass hunn.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ech géif soen et soll een et einfach probéieren, et huet een näischt ze verléieren.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Nee guer net. Ech mengen éierlech gesot fir a Lëtzebuerg vum Schreiwen ze liewen muss ee scho gutt schaffen. Ech si Léierin a schaffen am Cycle 1.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Vu dat ech just d’Texter vun engem Buch geschriwwen hunn, muss een dat och onbedéngt liesen 😉

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Bei mir war d’Motivatioun eppes ze schafen wat et esou an der Form a Lëtzebuerg nach net gouf. Et huet mir a mengem berufflechen Alldag gefeelt an dofir wollt ech et (zesumme mat menger Schwëster wat d’Haaptaarbecht als Illustratrice gemaach huet) selwer maachen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Bei mir ass et vläicht éischter : Wat huet Iech inspiréiert e Kannerkachbuch ze schreiwen?

Mir hunn als Kanner ëmmer mat mengem Papp an der Kiche gestane an hu vun Ufank un dierfen hëllefen. Dëst huet mech iergendwéi gepräägt an ech wollt dëst och mat menge Schüler an der Klass maachen. Beim Kache kann ee sou vill léieren, zemools wann een, wéi bei eisem Buch, eegestänneg ka schaffen.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Bei mir ass dat virun allem an der Kiche geschitt.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Eventuell eng Fortsetzung ze schreiwen… wee weess.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Fir mech ass Gléck Mënschen ronderëm mech ze hunn déi ech gär hunn. A mäi Meedche laachen ze gesinn. A mäin Hond. An … fir mech ass Gléck wierklech vill. Et muss ee sech just heiansdo Zäit huelen fir ze realiséieren wéi vill Gléck een huet.

Retourner