Lydie DEVELTER

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech beschreiwe mech ongär selwer, mee ech denken, ech ka soen, ech si frëndlech, optimistesch an hunn e grousst Häerz. Ech probéieren an all Situatioun an a jidderengem ëmmer dat Gutt ze gesinn. Ech übe mech doranner sou vill et geet am Moment ze liewen a meng geschenkten Zäit op dëser Welt ze genéissen.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hunn eigentlech schon ëmmer gär geschriwwen. An der Schoul war ech ëmmer frou, wann et een Aufsatz ze schreiwe gouf. An heiansdo ass mäi souguer virun der Klass virgelies ginn. Dat war eng Éier, wëll dat nëmme virkoum wann d’Proff eppes wierklech gutt fonnt huet 🙂

De Stinki war ursprénglech just eng Geschicht, déi ech menge Kanner erzielt hunn. Enges Daags sot mäi Meedchen, «Du misst e Buch doraus maachen.». An dat hunn ech dunn och gemaach.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Schreif deng Geschicht. Looss dech net vun negative Kommentaren ophalen. Schreif einfach weider. Wann et kee Buch gëtt, dann ass et zumindestens deng Therapie.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Nee. An dat ass och eigentlech guer net mäin Ziel. Schreiwen ass méi een Hobby. Haaptberufflech sinn ech Grafikerin.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Ech hu bis elo réischt ee selwergeschriwwent Buch publizéiert, also ass de Choix net ganz grouss. Dee wichtegste Saz aus dem Buch ass warscheinlech deen hei: «Du bass gutt, genau sou wéi s du bass!»

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Schreiwen ass fir mech wéi eng Form vu Befreiung. All déi Saachen, déi net konnte gesot ginn, déi Gefiller, déi kee Recht haten ausgelieft ze ginn, sammele sech an eisem Kierper, ënnert der Haut. De Stëft an der Hand ass wéi eng Gillette op der Haut. Deen éischte Stréch um Pabeier ass wéi de Schnëtt. An da fänken d’Wierder un ze fléissen. Fir d’éischt a klengeDrëpsen, an dann op eemol quëlle se raus, eng Iwwerschwemmung vu Wierder ergéisst sech op d’Blat… Schnell ass dat éischt voll, dann dat nächst, an dat nächst bis de Floss u Wierder ophält an e Gefill vu Befreiung duerch de Kierper fléisst an d’Häerz rëm méi liicht gëtt.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Ech hunn ëmmer e Block an e Bic dobäi. Iwwerall. Et kann zu all Moment e Gefill wëllen ausbriechen oder eng Iddi optauchen an et wier schued dann net prett ze sinn.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Ech wëll mat deem wat ech schreiwen kleng a grouss Mënschen erreeche fir hinnen ze weisen, datt si net eleng sinn. Et géing mech freeën nach ee Buch ze publizéieren, mee wann net, ass et och net schlëmm. Ech schreiwen aus Spaass un der Saach a wëll et wéi eng Therapie ass. Ech freeë mech wierklech, wa Mënschen dat flott fanne wat ech maachen, a wa si doranner virläit eppes fir sech kënne mathuelen.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Gléck. Ech sinn à la Base een immens gléckleche Mënsch. Ech maachen oft eng Meditatioun wou ech mer mäi Gléck virun Aen halen an dankbar si fir alles wat mer am Liewe passéiert, déi gutt wéi déi manner gutt Saachen. Wëll alles huet säi Sënn. A Gléck kann een zu all Moment fannen, och a ganz schwierege Situatiounen an a ganz butzege Quantitéiten, et muss e just d’Aen ophalen 🙂

Retourner