Luxskills 2024

Präisiwwerreechung

Präisiwwerreechung vum Worldskills Luxembourg-Concours

Am Kader vun de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften vum 22.04.-24.04., goufen op der YEP-Schoulfoire déi Bescht vun 220 Professionellen an 34 Beruffskategorien ausgezeechent.

Mir gratuléieren ganz häerzlech all de Gewënner a Participantë fir hir Leeschtungen a si besonnesch houfreg op eis Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers, déi eis Schoul wonnerbar vertrueden hunn.

An der Kategorie “Grafik Design” geet déi 1. Plaz un d’Élodie Nassoy (B1RG), déi 2. Plaz un d’Regina Kostka (B2RG) an déi 3. Plaz un d’Sonia Ewen (B2RG).

An der Kategorie “Mobile Robotics” geet déi 1. Plaz un de Matthieu Degot (1Cl) an Nicolas Wagener (1CI).

Am “Web Development” Concours huet de Sébastien Fohr (2CI) déi 1. Plaz gemaach. Mat dem beschte Gesamtscore ass hien de globale Gewënner vu Luxskills 2024. Domat huet de Sébastien sech fir d’Worldskills Lyon 2024 qualifizéiert.

Bravo!

Fotoen
Retourner