Liesnuecht
Den 28. Mäerz war et endlech sou wäit – eng spannend an eenzegaarteg Liesnuecht fir eis 7e-Schüler op eisem Site zu Dummeldeng ! 🎉🕵️♂️
Als Hobbydetektive ware si ganz opmierksam fir e mysteriéise Fall ze léisen.🤔🔍
An de kreativen Ateliere vum Fanny Bichler, Nora Bohler, Laurence Faltz a Ruben Dantas konnte si wichteg Indice sammelen, déi si da weider an den Escape Room gefouert hunn. 🚪🧩
Mat enger super Teamaarbecht goufen all Rätsele geléist – an zum Schluss gouf et eng lecker Pizza! 🍕🍕
E grousse Merci u jiddereen, deen zum Erfolleg vun dëser Liesnuecht bäigedroen huet !
#Liesnuecht #DetektivChallenge #EscapeRoom #Spaass #ZesummenStark #LycéedesArtsetMétiers
Photos