LASEL Cross

De 17. Oktober hunn den Thieltgen Nathan, de Morais Coimbra Rafael, de Petersen Timothy, den Hidan Rayan an den O´Brian Timothy aus dem Lycée des Arts et Métiers um Cross 🏃‍♂️ vun der LASEL deelgeholl.

🏅 Den O´Brian Timothy ass mat enger exzellenter Zäit vu 14’31 Minutten iwwer d’Distanz vun 3900 Meter als 7. am Zil ukomm. De Petersen Timothy ass och mat enger staarker Zäit vu 17’33 Minutte gelaf, gefollegt vum Thieltgen Nathan mat 18’35 Minutten. Och den Hidan Rayan an de Morais Coimbra Rafael hunn de Parcours gutt gemeeschtert a sinn erfollegräich am Zil ukomm 🎉.

Bravo 👏

#LAMSport #LASEL #TeamSpirit #Cross

Retourner