LAM goes DKV Urban Trail!

LAM goes DKV Urban Trail! 🏃‍♂️🏃‍♀️

E ganz grousse Merci un all eis motivéiert Leefer vum Lycée des Arts et Métiers, déi dëse Weekend mat vill Asaz um DKV Urban Trail deelgeholl hunn, op der 14 km-, 18 km Streck oder am 18 km Staffellaf.
Dir hutt alles ginn, a mir si mega houfreg op iech! 💪

🔥 E besonnesche Bravo geet un de Luca, Timothy an Timothy, déi an der Schülerstaffel iwwer 18 km eng aussergewéinlech Leeschtung gewisen hunn a déi 1. Plaz besat hunn.🥇

🙏 Merci un all eis Schüler an Enseignanten, déi dobäi waren: Alex, Anna, Ben, Ben, Carole, Déborah, Luca, Luca, Mike, Rafael, Roy, Ruben, Ryck, Timothy an Timothy.

Dir hutt de LAM super vertrueden!

Fotoen
Retourner