Krichsreportage: Temoignéieren, informéieren

Krichsreportage: Temoignéieren, informéieren

Wéi erzielt een iwwer Krich a Krisen? Wéi geet een als Fotograf mat deem ëm, wat een erlieft? A wat geschitt mat der Foto, wa se dono manipuléiert gëtt?
Eis zwou 4e-Klassen aus der artistescher Beruffsausbildung an eng BTS-Klass konnten dës an nach vill aner Froen an engem Atelier vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains mam franséische Krichsfotograf Lyam Bourrouilhou diskutéieren.
Mat senge Fotoen a perséinlechen Erfarungen huet hien de Schüler en direkten Abléck an d’Krichsreportage ginn, esou wéi an d’Bedeitung, iwwer Krisen a Mënscherechtsverletzungen ze temoignéieren.

E grousse Merci un de Lyam Bourrouilhou an un de Musée national de la Résistance et des Droits Humains fir dëse wäertvollen Echange!

Fotoen
Retourner