Journée pédagogique Schüler

De 4. an den 13. November huet eise Lycée am Kader vun der Schoulentwécklung eng Journée pédagogique fir d’Schüler organiséiert, wou si sech an engem WorldCafé zesumme fonnt hunn, fir iwwert verschidden Themen ze diskutéieren an Iddien auszetauschen.

Dës participativ an demokratesch Approche huet eise Schüler immens gefall, a si hunn vill relevant an innovativ Iddien zesumme gedroen.

Well eis hir Meenung besonnesch wichteg ass, wäerten dës Impulser an d’Weichestellung fir d’Zukunft vun eiser Schoul mat afléissen.

E grousse MERCI un all Schüler, déi sech aktiv bedeelegt hunn!

Fotoen
Retourner