Joseph KAYSER

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Am Fong beschreiwen ech mech net gäre selwer …
Mee ech géing mech selwer gären als opgeschloss gesinn, oppe fir Neies, Kontakt mat Leit, déi ech nach net kennen, egal wéi en Alter, Hautfaarf, sozialen Hannergrond. Mee ech brauch och meng Rou a si gären emol fir mech eleng.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hu wärend der Pubertéit ugefaangen ze schreiwen, mee dee Moment hunn ech awer kengem dat ze liese ginn. Esou „richteg“ hunn ech mat 50 Joer ugefaangen un dunn och mat 53 Joer mäin éischt Buch verëffentlecht. D’Ëmfeld huet ganz positiv reagéiert, d’Famill, d’Frënn an awer och d’Kritik a generell de Literaturbetrieb zuLëtzebuerg.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Wann e Jonken dovunner iwwerzeegt ass, dass déi Geschicht, déi e wëll erzielen, derwäert ass erzielt ze ginn, da soll en onbedéngt un deem Zil festhalen. E gudden Exercice ass u Concoursen deelzehuelen a sech net ze découragéieren, wann en net gewënnt. Oder wa säi Manuskript net direkt vun engem Éditeur ugeholl gëtt, einfach weidermaachen an et ëmmer nees probéieren, vill schreiwen fir säi Genre ze fannen, an net ze vergiessen: vill liesen!

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Neen, ech kann net vum Schreiwe liewen.
Ech schaffe bei BCE (enger RTL Filial) an engem administrative Beruff.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?

– Prinzessin Charlotte: mäin éischt Buch, 99% autobiografesch, ganz perséinlech
– Lapsuus: mäin aktuell lescht Buch, vläicht dat, wat mer bis elo am beschte gelongen ass a fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2022 nomminéiert ass.

Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Aus Prinzessin Charlotte zitéieren ech de Fränz, deen eigentlech vun doheem fortlafen a mam Zuch eng Rees maache wëll: „Finnland erop, bis uewen hinn, an dann no riets.“

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Do ass esou en Undriww, bannen a mir, fir ze schreiwen, keng wierklech Motivatioun, méi esou eppes, wat a mer wullt, an da muss et iergendwann eraus …

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

D’Geschichte vum Liewen, aus der Mëtt vun der Gesellschaft, och oft Gesellschaftskritik, oder wéi an „Lapsuus“ méi konkret den Ëmgang mat Verännerungen, a wéi de Mënsch domadder ëmgeet.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Am meeschte schreiwen ech, wann ech mam Hond am Bësch spadséiere ginn. Dat geschitt am Kapp, Elementer déi ech no an no zesummesetzen a bei der nächster Geleeënheet an de Laptop tippen, oder ech maache mer Notizen um Handy. Fir Schreiwambiance brauch ech eigentlech nëmmen eng gemittlech Plaz, mäi Laptop, a Rou … MENG ROU ! (haha)

Zum Ritual zielt evtl. dass ech meng Kierperhaltung sichen (eng gemittlech Kaul um Kannapee), meng Appen um Laptop aktivéieren (lod.lu a spellchecker.lu), well ech wëll méiglechst scho beim Schreiwe sou mann wéi wéiglech Feeler maachen, an ech maache mer am Word direkt e Gabarit mat enger gewësser Wuertzuel pro Säit. Ech probéieren och, net ze vill beieneen ze schreiwen a liesen oft de ganzen Text vu vir un éier ech weiderschreiwen (no enger Schreifpaus vun e puer Deeg zB).

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

– Mäin nächst Buch.
– Den Nobelpräis fir Literatur :-).

Méi konkret:
– ech wëll einfach nach e puer Bicher schreiwen,
– draus virliesen op Liesungen, ech sinn ëmmer frou, wann ech invitéiert ginn,
– bei Concoursen matmaachen,
– deen een oder aneren Text, fir deen ech nach keen Editeur fonnt hunn, awer nach ze verëffentlechen
– deen een oder anere klenge Succès (Präis, héich Verkafszuelen), mee dat ass extreem schwéier

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Gléck ass fir mech, esou fräi ze sinn, dass ech dee Wee ka goen, deen ech wëll. Mee ganz terre-à-terre kann dat awer och e gutt Glas roude Wäin a gudder Gesellschaft bei menger Liblingspizza sinn.

Retourner