Jil WINANDY

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Als éischt géing ech mol soen, datt ech net esou gären am Fokus stinn an dowéinst och warscheinlech net gutt dora sinn, mech selwer ze beschreiwen. Ech denken aner Leit géife mech warscheinlech als zouverlässeg an hëllefsbereet beschreiwen. Ech sinn e ganz oppene Mënsch, dee gären nei Saachen entdeckt mee heiansdo lueden ech mer e bësse vill op an hu Schwieregkeete fir „Nee“ ze soen☺.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hunn als Kand scho gäre Geschichten erfonnt a geschriwwen. Nieft der Schoul, de Studien, der Aarbecht an anere Verflichtungen ass et awer net ëmmer evident fir Zäit dofir ze fannen.

Mäin Ëmfeld huet mech zu all Moment ënnerstëtzt: egal ob meng Famill, mäi Partner oder Frënn.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

…ni ze vergiessen, wéi subjektiv Literatur a Konscht sinn. Et fënnt een ëmmer Leit, déi ee mat deem wat ee schreift net erreecht. Wichteg ass, denken ech, ze versiche sech selwer trei ze bleiwen.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Ech schreiwe „just“ niewebäi. E groussen Deel vu menger Zäit verbréngen ech um IFEN (Institut de Formation de l’Education nationale), wou ech Vollzäit schaffen.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?

„A wann…? – D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek“

Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

„Méi haart kann de Schleek wierklech net jäizen, mee well ëmmer nach keng Äntwert kënnt, mécht e lues d’Kéier a rutscht zeréck an d’Wiss.“

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

De Kanner (a Lieser) ze erlaben, zesummen an eng aner Welt anzedauchen. Hinnen dobäi Freed u Geschichten, awer och Wäerter, Iddien a Gedanken a Form vun enger Moral ze vermëttelen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

cf. déi Froen driwwer.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Fir mech gëtt et keng speziell „Schreifambiance“. Gedanken an Iddie komme mir am Alldag éischter spontan an onreegelméisseg an de Kapp. Do ginn déi da gesammelt a vun Zäit zu Zäit huelen ech mer Momenter fir se néier ze schreiwen oder ze krozelen. Ritualer hunn ech dobäi keng.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Ech weess net, ob et do sou ganz konkreter gëtt. Et wär natierlech schéin weider Iddien zu Pabeier ze bréngen an eventuell e weidert Kannerbuch kënnen ze verëffentlechen.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Gléck huet een dann, wann een Zäit mat deene Leit kann deelen, déi ee gäre ronderëm sech huet an Zäit fënnt fir Saachen, déi ee frou maachen.

Retourner