Jhemp SCHUSTER

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn? 

Déi éischt Bicher waren d’Kabarästexter a Lidder, déi ech zanter den 1980er Jore geschriwwen an opgefouert hunn. Vill méi spéit, am Joer 2020, wéi ech domat ofgeschloss hat, hunn ech mäin éischte Roman geschriwwen. Dee véierten ass elo fäerdeg.

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech? 

Ech loosse mech vun deem inspiréieren, wat ech erlieft hunn oder all Dag ronderëm mech héieren a gesinn.

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat? 

Do geet et mer wéi engem Papp mat senge Kanner. Ech hunn se all gär, obschonn se all verschidde sinn an ech mech nawell dran erëmfannen.

Wéi ee vun all Äre Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat? 

Dat kann ech net beuerteelen.

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen? 

Datt ech mech kann aus dem Alldag zeréckzéien a mech an enger anerer Welt verluer goe loossen.

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten? 

Iwwert d’Liewen an d’Leit, déi sech all Dag domat mussen erëmklappen.

A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten? 

Op Lëtzebuergesch. 

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken? 

Am Büro hannert mengem ale Schreifdësch mat Bléck op de Bësch.

Wie wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

All Mënsch, dee mech wëllt op déi Rees begleeden. 

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

An de Fächer Fantasie an Ausdauer.

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Méi ewéi een. 

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher? 

Déi eng soen dëst, déi aner mengen dat.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Dat nächst ass fäerdeg. Ech waarden op de Feedback vum Lektorat.

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Domat hunn ech mech ni beschäftegt. Ech brauch de Pabeier an der Hand.

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Fir mech gëtt et net einfach déi Jugend oder déi Al vun haut. Fir mat engem eens ze ginn (oder och net) spillt den Alter keng Roll.

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?

Dat kënnt vir. Da waarden ech, bis déi Phas eriwwer ass a beschäftege mech mat eppes anescht. Ech ginn trëppelen oder mam Vëlo fueren.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Ech schreiwen a kenger anerer Sprooch wéi Lëtzebuergesch. Ech kann also näischt duerzou soen.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Ech weess wou ech hiwëll, de Wee kennen ech ech awer meeschtens net. Ech entdecken d’Eenzelheeten ënnerwee. 

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

An all Fiktioun stécht ëmmer en Deel Autobiographie.  

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Neen. Ech hunn näischt ze verstoppen.

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Net opginn awer op d’Säit geluecht, fir duerno weider drun ze schaffen.

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Ech liewen zanter 1985 exklusiv vum Schreiwen.

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

Neen, ech si jo kee Missionar a kee Politiker.

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Ech schreiwen all Dag. Emol méi emol manner intensiv. 

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Neen. Ech stoung nach ëmmer hannert deem, wat ech publizéiert hunn.

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Ech liese vill a vill verschidde Genren. Just Krimië langweile mech.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Ech tippen direkt an de Computer a versuergen all Versioun um Enn vum Dag. Domat gesinn ech duerno, wat ech verännert oder geläscht hunn.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Am Lycée hunn ech déi bescht Dissertatioune vu menger Klass geschriwwen. Dat soten d’Proffen a meng Matschüler. Da muss et jo stëmmen.

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Als Kand hunn ech guer net un esou eng Méiglechkeet geduecht. Dovu kann dach kee liewen, ass ëmmer behaapt ginn. Ech hunn duerno bewisen, datt et geet.

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Domat hunn ech mech nach ni ofginn. Hoffen och, datt ech dat net méi muss maachen.

Retourner