ING Night Marathon 2024

E ganz grousse Merci un all eis begeeschtert Leefer vum Lycée des Arts et Métiers, déi leschte Samschde beim ING Night Marathon, sief et beim Semi-Marathon oder beim Team Run hiert Bescht ginn hunn, a mat fantastesche Resultater geglänzt hunn.
E ganz grousse Merci un all eis Mataarbechter, déi fläisseg Iessen a Gedrénks virun der Victor Hugo Hal verkaf hunn. Den Erléis heivunner kënnt dem “Fonds de solidarité” vun eisem Lycée zegutt.

Merci un d’Streckeposten a jiddwereen, dee mat sengem Asaz zum Succès vun dësem Event bäigedroen huet.

#ING Night Marathon

Fotoen
Retourner